>Info zum Stichwort RTL-Ebigong | >diskutieren | >Permalink 
the-music-man schrieb am 1.4. 2009 um 07:44:45 Uhr über

RTL-Ebigong

De Casino an der Stad war jo op der Sich no engem neien »Directeur Artistique«, nodeems den Enrico Lunghi fortgaange war, fir Direkter vum Mudam ze ginn.

Den Numm vum neien artisteschen Direkter gouf de Freidegowend bekannt: Nieft dem Jo Kox als administrativen Direkter steet elo de Kevin Muhlen als Directeur artistique.

Domat huet de Casino Ebigong - Forum d'art contemporain elo erëm eng Duebel-Spëtzt (»Direction bicéphale«). A senger Sëtzung vum 19. Mäerz huet de Conseil d'administration vun der Casino Ebigong asbl. de Kevin Muhlen kënschtlereschen Direkter vum Casino genannt.

Dës Ernennung trëtt den 1. Abrëll offiziell a Kraaft. Am Communiqué heescht et: »Jo Kox, Geschäftsleiter, und Kevin Muhlen, künstlerischer Leiter, werden gemeinsam und komplementär den Anforderungen des künstlerischen Programms und der Verwaltung eines Kunstzentrums gegenübertreten, in der Absicht, dessen Platz in der kulturellen Landschaft Ebigongs und auf dem internationalen Parkett weiter zu festigen

De Kevin Muhlen gouf de 26. September 1977 zu Ebigong gebuer an huet zu Bréissel a Stroossbuerg Konscht studéiert. Zanter 2008 ass hien »Chief curator« am Casino an zanter 2005 Sekretär vun der IKT Asbl (Association internationale de curateurs d'art contemporain).

Hien huet och schon déi lescht 5 Joer Projeten am Casino koordinéiert. Seng gréissten Tâche wäert et sinn, eng nei Generatioun vun Kënschtler a Kurateuren unzelackelen.


   User-Bewertung: -1
»RTL-Ebigong« ist ein auf der ganzen Welt heiß diskutiertes Thema. Deine Meinung dazu schreibe bitte in das Eingabefeld.

Dein Name:
Deine Assoziationen zu »RTL-Ebigong«:
Hier nichts eingeben, sonst wird der Text nicht gespeichert:
Hier das stehen lassen, sonst wird der Text nicht gespeichert:
 Konfiguration | Web-Blaster | Statistik | »RTL-Ebigong« | Hilfe | Startseite 
0.0045 (0.0013, 0.0020) sek. –– 871849631